français Luxembourgeois Anglais

PRESENTATION

NTEL Lëtzebuerg Telecom : ee vun deenen éischten Telecommunicatiounsacteuren zu Lëtzebuerg.

Eis Geschicht fänkt virun e puer Joer un, vun der Initiative vun e puer Ingénieuren an Techniker mat Erfahrungen, déi verschidde waren, mä sech ergänzt hunn. Rondërem ee Projet verbonnen haten si eng selwescht Visioun vu Servicer am Telecomssecteur an hunn déi selwescht Aarbechtsethik gedeelt: dës héichqualifizéiert Persounen sinn zesummekomm fir iwwer alternativ Léisungen nozedenken, vun deem, waten deemols europäesch Betreiberen unzebidden haten.
Virleefer vun hirer Zäit, déi neigewielten europäesch Gesetzer hunn duerno der visionärer Équipe hir Argumenter ënnerstëtzt: als Konsequenz sinn eis Cliente vun NTEL Lëtzebuerg Telecom eis Haaptugeleeënheet vun Interessi ginn.

1998 : ass d’Joer vun allen Erausfuerderungen: Grënnung vun enger Holdingsfirma, Grondstécker ginn ugeluecht.

2004 : spezifesch Moossname gi fir lëtzebuergesch Firme geplangt; gewidmet Produite ginn entwéckelts : Corporate Premium™, Shop’n’Call™.

2005 : NTEL Lëtzebuerg Telecom ass déi éischt lëtzebuergesch Firma, déi hire Clienten avant-gardistesch Anti-roamingsléisungen ubidd. Dëse Service bidd un, d’Hälschent vun den zousätzleche Käschten ze reduzéieren, déi mam GSMsroaming gebonne sinn: parallel beméit sech onofhängeg NTEL Lëtzebuerg Telecom hiren Objektiv “ORZ” (objectiv Roaming Zéro) z’erreeschen, endeem se Tester mat verschidde Betreiber ausféieren.

2007 : “alles inklusiv” Forfaitspäck ginn op de Maart bruecht mat Optiounen, déi NTEL Lëtzebuerg Telecom-exklusiv an no un de Besoinen vun eise Clienten waren. Verbreedung lues a lues fir d’ganzt Land: Enn 2007 sinn dat 82% vun deene Firmen, déi betraff sinn. Ufank vun engem Televisiounsdépartement mat ee vun eise Mataarbechter mat audiovisueller Expertise.

2008 : No 26 Méint, wou mer Réseauen a GSMsbetreiber getest hunn, gouf “ORZ” ofgeschloss a gouf “Quadrature Telecom”. Endeem Quadrature Telecom seng Festleitungsservicer regruppéiert, schafft Ntel Lëtzebuerg Telecom Hand an Hand mat Festleitungen a GSMen: Telefonsabonnementer, ADSL, VoIP a GSM bidde sou déi Telecomssynthèse un.

Eis Firma ass virun allem eng 100% lëtzebuergesch a mënschlech Firma, no bei senge Clienten.
Duerch privilégiéiert ënnerschriwwen Ofkommese mat Betreiber-Réseauen, bidd NTEL Lëtzebuerg Telecom Iech d’Sécherheet an en héichwärtege Service vun engem Telecomsréseau (Koffer, Glasfaser) un, zesumme mat perséinlecher Expertise an unerkanntem Service Après-vente.

NTEL Lëtzebuerg Telecom : Äre betreiber zu Lëtzebuerg.